WAX Konscht-Millen Péiteng

Workshop an Aquarell an Zeechnen bei der Abbaye de Clairefontaine mam Alan Johnston

Samschdeg 26.09.2015 vun 10h00-17h00 (ca 1 Stonn Mettespaus) 

Dozent : Alan Johnston

Den Alan Johnston, national an international bekannt als Aquarellist, Zeechner, Auteur an Dozent, huet sein Atelier zu Woltz.
Hien kann eng ganz Panoplie vun Ausstellungen landes- a weltweit verzeechnen.A. Johnston
Webseit vum Alan Johnston : www.alan-johnston.com
2014 huet d’Konscht-Millen hien fir 3 Workshops begreissen kennen :  am Feburar 2014 fir en Indoor-Workshop an Zeechnen an Aquarell, den 21. Juni 2014 am « Giele Botter » bei Peiteng an den 20. September 2014 am Fond de Gras/Lasauvage.
Mir freen eis elo, fir mat him de Samschdeg 26.09.2015 bei d’Abbaye Clairefontaine bei Eischen an d’Natur zeechnen a moolen ze goen. Desen eenzegartegen Site bidd eng ganz Panoplie vun interessanten Sujeten, esou den aale Kraidergaart, dei historesch Ruinen vun der Abtei dei während der franzeischer Revolution zersteiert gouf, d’Crypta, d’Quell vum St. Bernard, Weiheren an d’Bescher ronderem an denen sech eng Villfalt vu botaneschen Sujeten festhaalen wärd loossen.
Matbrengen w.e.g. :
  • Campingstull
  • Picknick fir d’Mettespaus
  • Eng Flaesch Waasser fir ze moolen (Waasser kenne mir eis och aus der Quell um Site beschaafen)
  • Block, Bleistefter an Aquarellfuerwen (waat fehlt, kann vum Dozent ausgeleint ginn).
  • E Puer fest Schung

Preis : 110 Eur (98 Eur Eur fir Leit aus der Gemeng Peiteng) – Material abegraff.

Code Cours : 2015-09-26 AJ 1020 (w.e.g. onbedingt ob Erem Virement uginn)

Umeldung iwwer : konschtmillen@wax.lu