WAX Konscht-Millen Péiteng

Lëtzebuerg de Lëtzebuerger

De Lëtzebuerger

Mettwoch 2. Juli 2014 em 20.00 : Lëtzebuerg de Lëtzebuerger » – en Excurs iwwer eis Identiteit mam Pierre Puth & Pol Dahm.

Op seng Manéier versicht de Pierre Puth, dem Stacklëtzebuerger a senger Séil op de Fong ze goen, vum Grof Siegfried bis bei de Lex Roth a vun der Melusina bis bei d’Lea Linster.”

Musikalesch Begleedung vum Pol Dahm um Piano an um Saxophone.P. Puth

De PIERRE PUTH war bis zu senger Pensioun d’Däitschprofesser am Lycée Robert-Schuman an ass do dernieft bis haut als Auteur a Journalist aktiv. Hien huet 15 Joer laang Televisiouns- a Radiossendunge gemaach, an an deene leschte Joren hält hie Virträg a Konferenzen iwwer kulturell a literaresch Themaen.

De POL DAHM ass mat Läif a Séil e Vollblut-Musiker. Bis 2009 wor hien als Saxophonist an der Militärmusek, deenen hir Big Band hie gegrënt huet. Hien hält Coursen zu Péiteng an der Museksschoul an huet 1993 d’Douanesmusek gegrënnt. Hien ass och als Komponist an Arrangeur aktiv a begleet musikalesch vill Cabaretsprogrammer an hien ass, um Piano an um Saxophon, och dem Pierre Puth säin attitréierte Begleeder.

Sall « um Spaicher » um 2. Stack vun der Konscht-Millen (Centre WAX, 2, rue d’Athus, Pétange).

Den Entrée ass frei a gratis.