WAX Konscht-Millen Péiteng

Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger …..

….  mir wëlle bleiwen waat mir guet net sinn mam Pierre Puth a mam Paul DahmPierre Puth & Paul Dahm

Mettwoch 10. Dezember 2014 em 20.00

Am Kader vun der Ausstellung Satirische Literatur in Luxemburg huet de Pierre Puth de 7. Februar 2013 am Centre nationalde littérature zu Miersch, begleet vum Paul Dahm um Piano an um Saxophon, e satiresche Virtrag gehal mam Titel Lëtzebuerg de Lëtzebuerger: Exkurs iwwer eis Identitéit – vum Grof Siegfried bis bei de Lex Roth a vun der Melusina bis bei d’Lea Linster.

Dee Virtrag hat op ee Coup sou gutt ageschloen, datt en zënterhier iwwer 50 Mol uechter d’ Land gebuede gouf.

Lux Fändel

Mat der Iwwerschrëft Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger an ënnert dem Motto “Mir wëlle bleiwen, wat mer guer net sinn” (engem Zitat aus dem Mars Klein sengem Cabaretprogramm FÜR FÜRST & KLEINVATERLAND aus dem Joer 1979) bréngt de Pierre Puth, zesumme mam Paul Dahm als Musiker, vun no der Summerpaus un nei satiresch Variatiounen a majeur an a mineur zu dësem Thema.

Adress : Sall « um Spaicher » vun der Konscht-Millen, Centre WAX, 2, rue d’Athus zu Peiteng

Den Entrée ass frei a gratis.