WAX Konscht-Millen Péiteng

Open Air Kino : Doudege Wenkel

Freideg 08. August 2014 em 22.00 am Haff vun der Park-Schoul zu PeitengDoudege Wenkel

De Syndicat d’Initiative an d’WAX Konscht-Millen asb inviteieren ob eng Open Air Projektion vum Christophe Wagner sengem Krimi, den 2011 zu Lëtzebuerg gedreint ginn ass.

De Polizist Tom Faber ass hanner der Stater Gare, a sengem Auto, erschoss opfonnt ginn. Den Inspekter Hastert (André Jung) vun der Police judiciaire leet d’Enquête a sicht zesumme mam Olivier (Jules Werner), dem Brudder vum Ermuerten, deen och e Polizist ass, nom Mäerder.

No enger éischter Spuer, déi an den Drogemilieu gefouert huet, fënnt den Olivier unhand vun engem Dossier, deen den Hastert beim Tom fonnt huet, eraus, datt dëse viru sengem Doud iwwer méiglech Geldwäsch- a Korruptiounspraktiken bei engen aflossräiche Geschäftsmann enquêtéiert hat…

D’WAX Konscht-Millen suergt fir Iessen a Gedrenks.

Den Entrée ass frei a gratis.