WAX Konscht-Millen Péiteng

Workshop an Zeechnen an Aquarell am Fond de Gras/Titelberg mam Alan Johnston

Samschdeg 20.09.2014 vun 10h00-17h00 (ca 1 Stonn Mettespaus) 

Dozent : Alan Johnston

No denen 2 Workshops dei den Alan Johnston den 8. Februar 2014 an der Konscht-Millen an den 21. Juni 2014 am « Giele Botter » um Prenzebierg bei Peiteng gehaal haat, an dei ganz vill Succes haaten, geht hien den 20. September 2014 erem eng Keier mat eis an d’Natur fir ze zeechnen an ze moolen.
Mir werden do e Circuit duerch de Fond de Gras an den Titelberg maachen, dei eng ganz breet Palette un interessanten Sujeten bidden.
Titeberg

Matbrengen w.e.g. :

  • Campingstull
  • Picknick fir d’Mettespaus
  • Eng Flaesch Waaser fir ze moolen, Block, Bleistefter an Aquarellfuerwen (waat fehlt, kann vum Dozent ausgeleint ginn).
  • E Puer fest Schung

Preis : 78 Eur (60 Eur Eur fir Leit aus der Gemeng Peiteng) – Material abegraff.

Code Cours : 2014-06-21 AJ 1014 (w.e.g. onbedingt ob Erem Virement uginn)

Umeldung iwwer : konschtmillen@wax.lu