WAX Konscht-Millen Péiteng

Zeichnen und Gestalten

Donneschdes – ëmmer vun 18.30 bis 20.30

23.04.2015 – 30.04.2015 – 07.05.2015 – 21.05.2015 – 04.06.2015 – 11.06.2015 – 18.06.2015 – 25.06.2015 – 02.07.2015 – 09.07.2015

Dozentin : Nadine Lamesch

D’Nadine Lamesch haat am Januar an am Februar 2015 4 Oowescoursen an Zeechnen an Pastelltechnik an der Millen oofgehaalen.

Dese Cours haat esou vill Succès dass mir e Oowescours vun insgesamt 10 Séancen ugehaangen hunn.

Dëse Cours riicht sech un Leit, déi mat Freed zeechnen, an hir Kenntnisser wëlle verdéiwen.

Um Programm stinn Observatiounszeechnungen vun Géigestänn, woubäi d’Formen an d’Proportiounen ënner d’Lupp geholl ginn.

Mär versichen eis un der Perspektive an um Zeechne vun Figuren a Gesiichter. Bei guddem Wieder kënne mer och dobaussen schaffen.

Verschidden Techniken, wi d’Aarbecht mat der Pastellkräid, der Kuel oder der Tënten ginn ausprobéiert; d’Material gëtt gestallt.

De Cours riicht sech grat sou gutt un Ufänger wéi un méi erfueren Zeechner.

Et brauch een keen Material matzebrengen.escher-m-c--zeichnen-26

All Participant kann dann op dëser Basis säi Bild gestalten.

De Cours ass oppen fir jidfereen.

D’Sprooch ass am Fong lëtzebuergesch, mais d’Nadine kann och op franséisch an däitsch weiderhëllefen.

 

Preis : 240 Eur + 20 Eur fir Material

Fir de Preis vun 240 Eur ass e Minimum vun 4 Aschreiwungen neideg.

Wann mei Leit sech umellen, gëtt de Preis no ënnen revideiert.

Code Cours : 2015-04-23 NL 1025 (w.e.g. onbedingt ob Erem Virement uginn).

Aschreiwung : konschtmillen@wax.lubandjeasdepasteles.jpg.w300h201