WAX Konscht-Millen Péiteng

Zeichnen und Gestalten

Denschdes 20.01 – 27.01 – 03.02- 10.02.2015 – ëmmer vun 18.30 bis 20.00

Dozentin : Nadine Lamesch

En Zeechecours mam Titel « Zeichnen und Gestalten », deen mam Observatiounszeechnen vu Géigestänn ufänkt, dann d’Technik vun der Pastellkräid vermëttelt.escher-m-c--zeichnen-26

De Cours ass folgendermoossen geplangt:

An der éischter Sessioun zeechne mir e Géigestand a versichen, d’Form, Proportiounen, d’Beschaafenheet an d’Schieter duerzestellen (Bläistëft)

An der zweeter Sessioun kënnen d’Teilnehmer den Emgang mat der Pastellkräid ausprobéieren, fir d’Faarwen vun engem Géigestand ze treffen

Dei zwou läscht Sessiounen ginn d’Méiglechkeet, méi fräi ze schaffen an d’Pastellkräid an enger eegener Kompositioun ze notzen.

De Cours riicht sech grat sou gutt un Ufänger wéi un méi erfueren Zeechner.

Et brauch een keen Material matzebrengen.

All Participant kann dann op dëser Basis säi Bild gestalten.

De Cours ass oppen fir jidfereen.

D’Sprooch ass am Fong lëtzebuergesch, mais d’Nadine kann och op franséisch an däitsch weiderhëllefen.

 

Preis : 60 Eur fir dei 4 Séancen (50 Eur fir Awunner aus der Gemeng Peiteng)

Code Cours : 2015-01-20 NL 1005 (w.e.g. onbedingt ob Erem Virement uginn).

Aschreiwung : konschtmillen@wax.lubandjeasdepasteles.jpg.w300h201