Freideg 8. Mai 2015 em 20.00
D’MillerMoaler hunn sech als Ziel gesaat, eng faarweg Palette vu liichten, lëschtegen, romanteschen, méi nodenklechen a melancholesche Lidder unzebidden.
Mat de Joeren ass esou e Repertoire mat villen ënnerscheedleche Facetten gewues, deen aus aalen an neie Kompositioune besteet.
D’Uleies ass, op verschidde Saachen hinzeweisen, ze erënneren, Folk (Volleks)-Lidder nei ze erfannen, se nei ze definéieren, an se domadder als Liddermechermusek vun an iwwer Lëtzebuerg anzebiergeren, fir datt déi nächst Generatioun och nach eppes dervun huet.
- http://www.millermoaler.lu
Entrée : 20 Eur / Reservatioun iwwer : konschtmillen@wax.lu oder GSM 621 688 872
Sall “um Spaicher”, 2. Stack vun der Konscht-Millen
Centre WAX, 2, rue d’Athus zu Peiteng